
GW-L2 fir SIIBS

Am Pompjeeswiesen huet een regelméisseg mat deenen ënnerschiddlechsten Situatiounen ze kämpfen. Fir optimal preparéiert ze sinn erfuerdert et nieft Ausbildung an Erfahrung och un dem néidegen Material. Aus dësem Grond kritt de Corps Bartreng/Stroossen een neit Gefier an säin Fuerpark bei.
Den GW-L2 (Gerätewagen Logistik) ass een Gefier fir technesch Hëllefleeschtungen, säin funktionellen Opbau suergt dofir dass spezifescht Geschir schnellstméiglech opgelueden an op d’Asatzplaz transportéiert kann ginn.
No enger éischter Baubespriechung bei Hensel Fahrzeugbau zu Waldbrunn (D) den 11. an 12. Dezember 2013 ass den neien Chassis dann den 20. Dezember 2013 bei Mercedes-Benz zu Leideleng ukomm. Den Opbau geet am Januar 2014 lass an soll viraussiichtlech fir Ouschteren fäerdeg sinn.