Provisoresch Ofnam vum GW-L2

Geschriwwen den 26/03/2014
Provisoresch Ofnam vum GW-L2

Nodeems am Februar 2014 d’Rohbauabnahme ouni Problemer iwwer d’Bühn gelaf ass, stoung den 20. Mäerz 2014 dann déi provisoresch Ofnam um Programm. Hei hunn mir den GW-L2 dunn komplett mat Beschrëftung gesinn a kontrolléiert ob alles esou ass wéi virgesinn. Ufanks der kommender Woch wäert de Won dann ob Lëtzebuerg iwwerfouert ginn fir sech den Contrôle Technique ze stellen sou dass déi final Ofnam kann stattfannen. Viraussiichtlech soll den neien Asazwon dann an 2 Wochen vir säin Déngscht bereet sinn.