Nei Identitéit an Schlësseliwwergab

Geschriwwen den 24/04/2014
Nei Identitéit an Schlësseliwwergab

No deenen villen Stonnen Aarbecht déi souwuel d’Memberen wéi och de Kader an Preparatiounen gestach hunn, war Gëschter deen groussen Dag. Nieft eiser Generalversammlung vun der Amicale, dem Aktivitéitsbericht vum Centre d’Intervention gouf dann fir t’Éischt deen neien Numm, Centre d’Intervention Bertrange-Strassen, an dat dozou passend Logo presentéiert. Zum Schluss koum dunn dat eigentlecht Thema vum ganzen Owend: d’Schlësseliwwergab vum GW-L2.