Jugend

D’Jugendsektioun vum Centre d’Intervention Bartreng-Stroossen setzt sech zesummen aus Jugendlechen am Alter vun 8 bis 16 Joer.

An der Zäit als Jugendpompjee gin sie op eng einfach Art an Weis op den Alldaag als aktiven Pompjee virbereed. Sie leieren wärend verschidden Aktivitéiten am Team ze schaffen, mam Material emzegoen, an dëst natierlech ouni de Spaass ze verdrängen. Op Übungen, egal op Theorie oder Praxis, kreien sie et mam Material vum Pompjee zedinn; sie schaffen mat genau dem selwechten Material ewei och hier aktiv Kollegen, just ouni eng eventuell Gefohr déi sech géing op engem Asatz présenteieren.
Wärend t’Übungen gréisstendeels lokal sin gin ech och nach kantonal Aktivitéiten ewei Nuets- an Photorallyen. Bei dësen geet et alt neess drems als Ekipp säin Ziel ze vertrieden an d’Aufgaben déi den Wee erschweieren, déi Meecht eppes mam Pompjeeswiesen zedinn hun, ze bewältegen an senger Ekipp esouvill wéi méiglech Punkten ze erkämpfen. Eng weider kantonal Aktivitéit ass den Jugendcamp. Op desem treffen sech, genau wei bei den Rallyen och, méi Sectiounen vun Jugendpompjeeën aus dem Kanton, an lierwen eng bestemmten Zäit an engem Zeltlager zesummen an maachen déi eng oder aaner Aktivitéit ewei eng Visite, Nuetsrally, Photorallye, Theaterowend, an an an.

Des weideren huelen d’Jugendpompjeeën genau wéi och déi aktiv Pompjeeën un lokalen Festivitéiten deel wéi z.b. Nationalfeierdaag, Nationalen Kommemoratiounsdaag, an an an.

Eis Ekipp ass jidder Zäit bereed néi Memberen opzehuelen. Zéckt nët an kontaktéiert ons!