Harespelen / Beien

(!) Falls Dir Harespelen bei Iech hudd, wend Iech w.e.g. un eng dorob spezialiséiert Firmen: Giel Säiten vun Insektenbekämpfer
(!) Hudd Dier Beien entdeckt, dann kontaktéiert w.e.g. en Imker: Informatiounen iwwer den Imker an Äerer Géigend
Bildschirmfoto 2014-07-12 um 14.04.21

© 2008 Robert Hohmann

Vir vill Mënschen ass et net einfach, en Ënnerscheed tëscht Beien, Harespelen an Runnen ze maachen. Mat dëser Säit sollt Dir bëssen informéiert ginn, fir dann déi richteg Hëllef ze kréien.

D’Beien an eisen Géigenden sinn éischter Brong an hunn eng Längt vun ca. 9 bis 14 mm. Harespelen sinn ongeféier gläich Grouss, d’Runnen par Contre sinn mat bis zu 30 mm méi grouss. Beim Fléien sinn d’Harespelen an d’Runnen relativ flexibel, eng Bei ähnelt méi enger Bommel déi schein gemittlech fléien. Am direkten Verglach géif eng Harespel oder Runn géint eng Bei am Kampf gewannen.

Sinn elo där Déieren an Äerem Ëmfeld, dann ass et wichteg net hektesch ze réagéieren an roueg ze bleiwen. Wann Dir net wësst ob Dir eng Allergie hudd, ass et unzeroden, dëst am Virfeld ze testen, fir dass am Fall wou dir gepickt gidd, déi ideal Hëllef kann geleescht ginn.

Hudd Dir elo Harespelen oder Runnen am Haus oder Gaart, sou consultéiert w.e.g. d’Giel Säiten vun den Insektenbekämpfer.
Handelt et sech an Äerem Fall ëm Beien, kuckt w.e.g. um Site vun den Beienziichter, wéieen Imker Dir ruffen kënt.

Méi Informatiounen: http://www.bienen-wespen-und-hornissen.de