Fuerpark

AmFqCpPhDcMy2D94kt2TjzYCMuMFZetBgXfUwbM23YwwF1s5bxi2xuATYkz_wRASGA=w1805-h832

Bezeechnung: HTLF-30 | Mark/Model: Mercedes-Benz ATEGO 1328  | Am Asatz säit: 2005
Beschreiwung: Den HTLF30STA ass en Opbau vun der Firma Ziegler op engem Mercedes-Benz ATEGO Chassis. E kann bis zu 6 Pompjeeën transportéieren an besëtzt en Waassertank fir 3000 Liter, e Schaummëtteltank vun 200 Liter an daat entspriechend féierteschnecht Material fir am Eechtfall allzeit Asatzbereet ze sinn. D’Uschaafung gouf zu 50% vum Staat subventionéiert. Den HTLF30STA ass d’primärt Asaatzgefier vun de Pompjeeën Bartreng-Stroossen an réckt soumat bei all Asatz raus.

gwl2_side

Bezeechnung: GW-L2 | Mark/Model: Mercedes-Benz ATEGO 1329  | Am Asatz säit: 2014
Beschreiwung: Den GW-L2 ass en Opbau vun der Firma Hensel op engem Mercedes-Benz ATEGO Chassis. E kann bis zu 6 Pompjeeën transportéieren an besëtzt nieft senger fixer pompjeestechnescher Beluedung en Kofferopbau mat Hebebühn inklusive Containersystem, fir an all Asaz dat individuell gebrauchtent Material op d’Plaz ze kréien. D’Uschaafung gouf zu engem Deel vum Staat subventionéiert. Den GW-L2 ass soumat dat sekundärt Asaatzgefier vun de Pompjeeën Bartreng-Stroossen.

oU3uZWIlkFOv-pNLlfQneAVxUwqBceTkL81VkG7MFhULuWwUekJj4cQiIpK8pN-fGQ=w1805-h832

Bezeechnung: MTW | Mark/Model: Ford Transit | Am Asatz säit: 2009
Beschreiwung: D’Gefier déngt zur Beförderung vun 9 Pompjeeën. Et gëtt genotzt fir d’Pompjeeën op d’Asatzplatz oder Léiergäng ze transporteieren. Ausserdem kann et genotzt ginn fir daat eent oder aanert Stéck Geschier op d’Platz ze kréien.

kdow

Bezeechnung: KdoW | Mark/Model: Saab 9-5 Estate | Am Asatz säit: 2010
Beschreiwung: D’Gefier gëtt primär zu Déngschtfahrten an de Besuch vu Versammlungen oder Léiergäng genotzt. Falls et erfuerderlech ass, kann d’Gefier vum Asatzleeder fir eng schnell Erkundung vun der Asatzplatz genotzt ginn. An dësem Gefier passen 5 Pompjeeën eran.