Buergbrennen 2015

Geschriwwen den 12/02/2015
Buergbrennen 2015

Och dëst Joer kritt de Wanter säin Ofschlossmam Buergbrennen gewisen, den CI Bartreng-Stroossen wäert um Buergsonnden souwuel zu Bartreng wei och zu Stroossen fir e sécheren Déroulement vum Fakelzuch an dem Ufänken vun der Buerg suergen. Et sierf ze widderhuelen, dass eng Fakel keng Spillsaach ass, an dass d’Eltren gebieden sinn opzepassen, dass hir Kanner keng Schwertkämpf oder Ähnleches mat de Feierbengelen maachen. Sou huet jiddfereen eppes dovun, an d’Buerg kann sécher ugefangen ginn.

Wann et engem ze waarm sollt ginn, an e sech net traut, seng Fakel op déi schonns brennend Buerg ze leeën, sollt een besser e Pompjee opsichen, deen d’Fakel dann sécher oofleet, wéi dass een se am héigen Bou duerch d’Loft werft. Ee klenge Wandstouss geet duer, a statt der Buerg brennt dann der Bomi hier Jacket. Dofir: W.E.G. pass op.